COMEDY Op Lëtzebuergesch (LU)

Title:

COMEDY Op Lëtzebuergesch (LU)

Venue:

17, rue du Saint Esprit 1475 Luxembourg, Luxembourg

Show Name:

COMEDY Op Lëtzebuergesch (LU)

Host:

De Gudde Wëllen

Artists:

Date & Time:

MAY 11 AT 2 AM – MAY 11 AT 4 AM UTC+08

Show Description:

5 Komiker. 1 Concert. Wat well ee méi? Huelt iech elo är d’Ticketen!
NIKITA KUZNETSOV
Museker, Komiker a professionnellen Informatiker, mat russeschen Originnen. Tëscht Witzer schreiwen a Sanktioune vermeiden, mecht de Nikita 2022 en haart d’Joer duerch. Kommt e Russ ënnerstëtzen, deen de Putin net ënnerstëtzt.
PRINCE MOTIANI
E Polyglot, deen iwwer 10 Sprooche fléissend schwätzt. Dem Prince seng Liiblingssprooch ass d’Sprooch vum schwaarzen Humor. Lauschtert eran a säi chaotescht Liewen a puncto Léift, Bezéiungen a säin enzegaartege Stil. Seng Witzer sinn hei ans do esou däischter, dass souguer den Däiwel laanscht kënnt a seet: “Et kann een och alles iwwerdreiwe Brudder”. Keen Thema ass virum Prince sécher. Mat enger verzerrter Siicht op d’Saache, gi mol gäre Grenzen iwwerschratt.
DEEPU DILEEPAN
Den Deepu, deen ursprénglech aus Indien kënnt, ass e Standup-Komiker, deen zu Lëtzebuerg lieft a reegelméisseg an Europa a Nordamerika optrëtt. Bei de Lëtzebuerger Sproochcoursen huet hie leider schon dräimol de Geescht opginn. Säin Optrëtt ass all deene Proffe vum INL gewidmet, déi trotzdem un hie gegleeft hunn.
SHAYAN MEHR
Geleet gëtt dësen Owend vum Shayan Mehrafza, Schauspiller, Moderator & Komiker an der NACH jonker Lëtzebuerger Standup Comedy Zeen, déi lues awer sécher ëmmer méi wiisst. Nodeems de Shayan viru 6 Joer am Theater zu Rëmeleng ugefaangen hat e Gefill fir Bün a Leit ze kréien, huet hie sech viru knapps 3 Joer un de Standup erugetraut, wou hie seng éischt Erfarungen op Englesch a Franséisch gesammelt huet, bis hien et fir méi wéi néideg empfonnt huet, déi alleréischte Standup Comedy Show op Lëtzebuergesch am Januar 2020 ze lancéieren. Dëst mat der voller Ënnerstëtzung vun der Péitenger Geméng. Standup Comedy ass laut dem Shayan wéi e Box- respektiv Eenzelkampf. Du stees eleng am Ring a muss däi Bescht ginn fir keng op d’Nues ze kréien.
SCOTT REUTER
De Scott ass e Newcomer an der Englescher Zeen hei zu Lëtzebuerg an duecht sech, dass et un der Zäit wier dat Ganzt och mol op Lëtzebuergesch ze maachen. Laut dem Scott kann hie sech mat senge 25 Joer, sengem Kierpergewiicht vu 65kg a senger Gréisst vun 1m69 schonn an der Sauna gesi loossen. Seng Liblings-Faarf ass déi, déi dobäi eraus kënnt, wann een eng Gromper ze laang an der Mikrowell léisst. Mat Comedy huet hien am Januar ugefaange well hie keng Loscht méi hat TikTok-famous ze sinn. Elo erzielt hie peinlech Geschichten op der Bün an hofft d’Leit mengen dat wier alles net eescht gemengt.

URL:

(3) COMEDY Op Lëtzebuergesch (LU) | Facebook